
Wagner-Chef Prigoschin dout?!
Nom Ofstierze vun engem Privatfliger a Russland sinn zéng Passagéier ëm d’Liewe komm. Ee vun deene Passagéier soll de Jewgeni Prigoschin gewiescht sinn. De Vladimir Putin huet den Doud vum Wagner-Chef confirméiert. Trotzdeem ginn et nach vill Zweiwel.
Loune gëtt nach méi deier
Nom Abroch vun den Immobilien-Venten, ginn d’Loyere méi héich. Dëst léisst sech doduerch erklären, dass d’Offer wäit ënnert der Demande läit.
Déierendoktesch ënner Schock
E Client ass an der Déiereklinik zu Bäreldeng bësse vill rose ginn. Dobäi gouf eng Déierendoktesch aggresséiert an d’Déiereklinik misst fir eng Nuecht zou bleiwen.
Deiere Spaass
De Mëttwoch am Nomëtteg gouf d’Bändchen duerchgeschnidden an d’Schueberfouer 2023 ass lancéiert. Méi wéi 200 Attraktiounen an Iessbude sinn um Glacis vertrueden. D’Fouer geet nach bis den 11. September. Wéinst verschiddenen Tëschefäll am Ausland huet de CGDIS an dem Kader den Eeschtfall geüübt.
amerikanesche President mat enger Policefoto.
De Wollef ass zeréckLiewenslänglech
A Groussbritannien kënnt eng Infirmière fir de Rescht vun hirem Liewen an de Prisong. Si huet 7 Puppelcher ëmbruecht. Dës weidere gouf si 6 Mol wéinst versichtem Mord verurteelt. Et soll sech heibäi ëm déi schwéierst Mordserie u Puppelcher an der rezenter brittescher Geschicht handelen.
Virun 80 Joer huet et bei Grolënster geknuppt
E brittesche Kampffliger gouf 1943 iwwert Lëtzebuerg ofgeschoss, woubäi véier Persounen em d’Liewe komm sinn. Op der Plaz gouf e Monument opgeriicht, fir un d’historescht Evenement ze erënneren.
Beem an der Konschthal?
An der Konschthal zu Esch fënnt een den Ament verschidde massiv Holz-Sailen. Et handelt sech hei em eng Ausstellung vun der franséischer Kënschtlerin Julia Cottin. Déi grouss Moschee vu Kairouan war d’Inspiratioun hannert dëser Iddi.
Kuss-Skandal
D’FIFA-Disziplinarkommissioun huet eng Enquête géint de Luis Rubiales, de President vum spuenesche Futtballverband, an d’Weeër geleet. De Rubiales hat d’spuenesch Nationalspillerin Jennifer Hermoso e Sonndeg bei der Präisiwwerreechung nom 1:0 géint England op de Mond gekusst.