Putin confirméiert Doud vum Wagner-Chef Prigoschin

De Wagner-Chef Prigoschin. / © TELEGRAM/ @concordgroup_official/AFP/Archiv/Handout
De Chef vum russesche Söldnergrupp soll u Bord vun engem Privatfliger gewiescht sinn, deen e Mëttwoch iwwert der russescher Regioun Twer erofgefall ass.
De russesche President Putin huet den Doud vum Söldner-Chef Jewgeni Prigoschin een Dag nom Fligerongléck confirméiert an huet der Famill vu sengem fréiere Vertraute säi Matgefill ausgedréckt. Weider sot de Putin, et misst een elo gesinn, wat d'Enquêteuren erausfannen.
Beim déidlechen Ongléck sollen am Ganzen zéng Leit, siwe Passagéier an dräi Crew-Memberen, ëm d'Liewe komm sinn - dorënner wuel och de Wagner-Chef Jewgeni Prigoschin a säi Stellvertrieder Dmitry Utkin. Mat u Bord vum Privatjet vum Typ "Embraer Legacy" soll och de Valerij Tschekalow gewiescht sinn, dee russesche Berichter no Vize-Chef vun der Wagner-Grupp soll sinn. De Fliger soll ënnerwee vu Moskau op Sankt Petersburg gewiescht sinn, wou de Kontakt schonn e puer Minutten nom Start soll ofgebrach sinn.
Scho kuerz nom déidlechen Ongléck huet déi russesch Loftfaartagence Rosawiazija eng Passagéierlëscht publizéiert, eppes, wat meeschtens méi laang brauch. E puer Stonne méi spéit koum vun der Agence dann och déi offiziell Confirmatioun, datt de Prigoschin mat u Bord gewiescht wier.
D'Spekulatiounsmaschinn dréint
Trotz der séierer Confirmatioun vu russescher Säit ass domat awer net ofschléissend bewisen, datt de Wagner-Chef wierklech an der Maschinn souz, wou se erofgefall ass. Eng Verschleierungsaktioun, duerch déi de Prigoschin vun der Bildfläch verschwanne soll, kann zu dësem Zäitpunkt net ausgeschloss ginn. An der rezenter Vergaangenheet war de Chef vum Söldner-Grupp schonn zweemol fir dout erkläert ginn, ier hie kuerz Zäit drop nees opgedaucht ass. 2019 war gesot ginn, hie wier an engem Fligeraccident an Afrika ëmkomm, an d'lescht Joer war iwwert säin Doud am Oste vun der Ukrain bericht ginn.
D'Ongléck suergt och fir vill Spekulatiounen an de Medien. D'Fligerongléck ass genee zwee Méint nom gescheiterte Putsch-Versuch vum Wagner-Grupp um Putin geschitt. De russesche President Putin huet säi fréiere Vertraute Prigoschin deemools als "Verräter" betitelt. Aus der Wagner-Grupp kommen dowéinst Uschëllegungen, datt d'Ongléck e Mëttwoch eng geziilten Attack gewiescht wier.
Et liest een awer och, dass de Prigoschin säin Doud selwer soll inzenéiert hunn, fir aus dem Viséier vum Kreml erauszekommen. An engem rezente Video wier hien nämlech och sengen eegene Wierder no um afrikanesche Kontinent ënnerwee gewiescht.
Fest steet: Bis elo ginn et nach keng eendeiteg Beweiser zu dem Prigoschin sengem presuméierten Doud.
Eng Enquête gouf lancéiert
D'Läiche vun alle Leit u Bord sinn antëscht gebuerge ginn. An engem Institut fir forensesch Ermëttlungen an der russescher Stad Twer soll elo d'Identitéit vun den Affer gekläert ginn. Een Ermëttler vun der staatlecher Enquêtëkommissioun, dee scho vill Fligeronglécker ënnersicht huet, soll sech mam Fall befaassen.
Eng offiziell Erklärung dozou, wéi et dozou konnt kommen, datt de Fliger erofgefall ass, gëtt et nach net. Videoopname weisen, wéi de Privatfliger an enger grousser Dampwollek géint 18 Auer bal senkrecht a Richtung Buedem fält. Een Telegram-Kanal vun der russescher Police huet allerdéngs gemellt, datt de Fliger net an de Sinkflug gaange wier. E wier vum Radar verschwonnen, wou en un Héicht gewonnen huet.
Verschidden Experten hunn an de Videoen vum Ongléck Indicen dofir gesinn, datt et eng Explosioun u Bord ginn hätt. Dofir géifen och d'Iwwerreschter vum Fliger schwätzen.
International Reaktiounen nach zeréckhalend
Zu Kiew suivéiert een d'Nouvelle mat Interessi, ass awer gläichzäiteg och virsiichteg mat Reaktiounen. Ze vill Froen sinn nach ongekläert. Och géif Russland am Kader vum Krich ëmmer nees bewosst Falschinformatioune verbreeden. Den ukrainesche President Selenskyj huet eng ukrainesch Bedeelegung ausgeschloss: "Mir hunn näischt domat ze dinn." Gläichzäiteg sot hien, datt all Mënsch wéisst, wien derhannert stécht.
Vu Washington huet et e Mëttwoch den Owend geheescht, dass den Doud vum Prigoschin net weider géing iwwerraschen. De Biden soll och gesot hunn, dass a Russland ganz wéineg géing geschéien, hannert deem de russesche President Putin net steet. Dem ukrainesche Presidenteberoder Michailo Podoljak no hätt de Jewgeni Prigoschin säin "Doudesurteel" am Juni ënnerschriwwen, wéi hie säi Putsch-Versuch gestoppt huet. "De Prigoschin huet an deem Moment, wéi hien 200 Kilometer viru Moskau stoe bliwwen ass, säi eegent Doudesurteel ënnerschriwwen." Den Opstand hätt de Putin "erschreckt", mä de russesche President géing kengem "seng eegen Angscht" verzeien.
Liest hei eis Artikel-Serie, an deenen de Politolog Malte Riemann am Detail iwwert de Prigoschin an de Wagner-Grupp schwätzt:
Politolog Malte Riemann am Interview (Deel 2): Wien ass déi ominéis Söldner-Grupp "Wagner"?
Politolog Malte Riemann am Interview (Deel 3): Wéi eng Roll spillen d'Söldner vu Wagner an Afrika?