Kanalisatioun iwwerlaascht?Betraffener kritiséieren hir Gemeng no Iwwerschwemmunge vum Weekend

Christophe Hochard
Am Süde waren de Weekend eng Rei Leit net fir d'éischte Kéier vum Héichwaasser betraff.
Betraffener kritiséieren hir Gemeng no Iwwerschwemmunge vum Weekend
Am Süde goufe vill Leit net fir d’éischte Kéier vun Héichwaasser getraff.

Fir déi Leit, déi an der Nuecht vun e Samschden op e Sonnde vun de staarken Donnerwieder getraff goufen, an deenen hir Kelleren oder Haiser iwwerschwemmtgoufen, heescht et lo de ganzen Dreck opbotzen, ewechraumen a mat der Assurance kucken, wat iwwerholl gëtt.

Virun allem am Süden an der Déifferdenger Géigend huet et verschidde Stroossen net fir d’éischt getraff. D’Leit hunn es genuch a bekloe sech, dass d’Gemeng näischt ënnerhëlt, well d’Kanalisatioun iwwerlaascht ass.

De Kordall ass eng Regioun, déi séier vun Iwwerschwemmunge betraff ass. Hei wär vill Terrain verbaut ginn an et géifen eng ganz Partie Industriezone ginn, déi d’Situatioun net méi einfach maachen.

De Phänomen vum Staarkreegéif ëmmer méi opkommen. D’Waasserwirtschaftsamt schafft mat enge 50 Gemengen am Land zesummen, fir no Léisungen ze sichen. Géif et allerdéngs vill op ee Coup reenen,wär wuel all Léisung onnëtz.

Back to Top
CIM LOGO