
Wéi d’Tageblatt schreift, hu vun den eelef Membere vum Gemengerot siwe dogéint gestëmmt, d’Fusiounsgespréicher weiderzeféieren. Domat wier Bettenduerf dann aus der Fusioun eraus, huet et vum Buergermeeschter Patrick Mergen géigeniwwer dem Tageblatt geheescht.