Vun de Kanner fir d’ Kanner organiséiert. 7 Atelieren, déi vun 3 Klassen op d’Been gestallt goufen, dat wärend enger ganzer Woch.
Net nëmmen dem Léierpersonal no, mee och de Kanner no, gëtt sech net genuch beweegt. Sport, esou ewéi eng gesond Ernierung droen zu enger gudder Gesondheet bäi.
Mir waren d’Grondschoul besichen a kruten erkläert, wéi wichteg esou eng Initiativ ass a wéi d’Kanner dës Aktioun gesinn.