
E Mëttwoch hat d’Biergerinitiativ matgedeelt, datt se bei enger Ënnerschrëftesammlung de Seuil vun 20 Prozent vun den ageschriwwene Wieler erreecht huet. E Freideg de Moie soll d’Lëscht op der Gemeng hannerluecht ginn. Sollt de Seuil effektiv erreecht gi sinn, muss bannent dräi Méint ee Referendum organiséiert ginn. E Mëttwoch den Owend war de Gemengerot beieneen an huet och iwwert dee Sujet geschwat. De Schäffen Andy Derneden huet gemengt, datt d’Organisatioun mat Bléck op de Kalenner eng zimmlech Erausfuerderung dierft ginn.
“Mir hunn eis natierlech bëssi Gedanke gemaach. Jidderee ka jo rechnen, dräi Méint, dat geet da bis den 28. Februar. Do sinn, wéi de Patrick (de Buergermeeschter Patrick Mergen, Umierkung vun der Redaktioun) och well der Press zu Recht matgedeelt huet, de 16. Februar an den 23. Februar, déi zwee Sonndeger an der Vakanz. Gesinn ech perséinlech als net glécklech, fir de Wieler do ze emmerdéieren. An da wiere mer well beim 9. Februar an do muss d’Mireille (d’Gemengesekretärin, Umierkung vun der Redaktioun) eis soen, dat ass immens sportlech, mee dat ass fir mech dee letztméiglechen Datum.”
Et gouf dann och d’Iddi an de Raum geworf, ob een den Inneministère froe soll, ob een de Referendum eventuell och e bëssi méi spéit organiséieren dierf. Egal wéi, op alle Fall misste Suen am Budget virgesi ginn. Ob de Gemengerot sech och un den Ausgank vum Referendum, dee just consultativ ass, hale wäert, doriwwer gouf am Gemengerot e Mëttwoch net geschwat. Beim Vott den 23. Oktober hate sech 7 vun den 11 Conseilleren dogéint ausgeschwat, weider un de Fusiounsgespréicher fir eng Nordstadfusioun deelzehuelen. Et ass iwwerdeems guer net kloer, ob Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng-Sauer a Schieren iwwerhaapt bereet wieren, Bettenduerf nees bei de Fusiounsgespréicher wëllkomm ze heeschen.