"Apéri’tours"Bierger sollen a Saache Stadentwécklung dierfe matschwätzen

RTL Lëtzebuerg
Et ass d’Joer vun de 24 Quartieren an der Gemeng Lëtzebuerg.
"Apéri’tours": Bierger sollen a Saache Stadentwécklung dierfe matschwätzen
Et ass d’Joer vun de 24 Quartieren an der Gemeng Lëtzebuerg.

De Schäfferot huet sech op de Fändel geschriwwen, am Kontext “Stadentwécklung” d’Bierger zu Wuert kommen ze loossen. Dofir wëlle sech d’Gemengevertrieder am Laf vun den nächsten Deeg a Wochen an den eenzele Stater Quartiere mat den Awunner ënnerhalen.

“Apéri’tours” gëtt d’Aktioun genannt, déi en Dënschdeg offiziell am Tramsschapp an der Stad virgestallt gouf. Fir eis war d’Lynn Cruchten op der Plaz, genau wéi eng 300 Bierger, déi mir am Viraus vun der Presentatioun gefrot hunn, wat si sech erwaarden.

D’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer sot um RTL-Mikro et wier wichteg, an déi verschidde Quartieren ze goen a sech unzelauschteren, wat d’Doleancë vun de Leit sinn. Dono géif een dann nach eemol beieneekommen an déi Doleancen, déi ëmzesetze sinn, do géif een als Stad Lëtzebuerg natierlech probéieren, dat ëmzesetzen. Et géif nach keng perfekt Welt ginn an et wier wuel och schwéier, eng perfekt Welt ze realiséieren, ma “onse Wonsch ass op alle Fall, alles dat, wat mer kënne maachen, esou gutt an esou séier wéi méiglech ze maachen”, betount d’Lydie Polfer.

D’Zil vun den “Apéri’tours” wier et, mat de Leit zesummen duerch déi eenzel Quartieren ze goen, d’Leit op verschidde Saachen opmierksam ze maachen, awer och eben d’Kritik unzelauschteren. Et wéilt een déi positiv a flott Säite vun all Quartier beliichten an op d’Problemer agoen an dës wa méiglech léisen.

Op de PAG ugeschwat, huet d’Stater Buergermeeschtesch gesot, datt ee keen neie PAG géing maachen, ma Upassunge wiere méiglech. D’Stad Lëtzebuerg géing ëmmer weider wuessen a mam Wuesstem bréicht een och ëmmer méi Infrastrukturen. All deem wéilt een esou séier an esou gutt wéi méiglech gerecht ginn.

D’"Apéri’tours” ginn e Mëttwoch lass an dauere bis Oktober.

Back to Top
CIM LOGO