Metzeschmelz Official Opening DayBiergerbedeelegung fir e fräien an innovative Quartier

RTL Lëtzebuerg
Um fréiere Site vun der ArcelorMittal tëscht Esch a Schëffleng waren d’"Metzeschmelz Official Opening Days."
Metzeschmelz Official Opening Day
Um fréiere Site vun der ArcelorMittal tëscht Esch a Schëffleng waren d’"Metzeschmelz Official Opening Days.”

De ganzen Dag iwwer konnte Leit u Workshoppen a Visite Guidéen deelhuelen oder sech mat Experten iwwer de Wunn-Projet am Quartier austauschen. Gläichzäiteg gouf domat och de participative Prozess lancéiert, bei deem d’Bierger hir Propose kënnen an d’Planung mat afléisse loossen. D’ Visiteure kruten och schonns e puer éischt Abléck an d’Zukunft vum fréieren Industrie-Site.

Knapp 150 Joer Industriegeschicht kréien en zweet Liewen. De Site soll dobäi kee Musée ginn, d’Gebaier och keng verstëbsten Iwwerreschter aus enger anerer Zäit, mee e Wunnraum. En experimentelle Projet, deen als e Ganzt gekuckt gëtt. De Patrimoine ass heibäi just ee vu 5 Haaptvolete. Donieft sollen déi zwou Natura2000-Zonen op béid Säite vum Site mat agebonne ginn. D’Uelzecht gëtt an deem Kader renaturéiert, erkläert de Coordinateur vum Projet Yves Biwer, a mam Lallengerbierg verbonnen. Esou kéinte sech d’Biotopen austauschen an d’Déieren an den zwou Zone sech weider fräi beweegen. D’Hallschent vum ronn 80 Hektar grousse Site gëtt herno Wunnraum, 30% dovunner abordabel Wunnengen. A Saache Mobilitéit setzt een op Tram a Vëlo. Den Auto hätt iwwerdeems keng Prioritéit méi am Quartier, erkläert den Yves Biwer. Déi géifen op 4 Punkten mat sougenannten “Facility Hubs”, also Parkhaiser, wou ënnen dran beispillsweis Epicerien oder Vëlosstatioune sinn, ofgefaange ginn.

2023 gëtt de Site Metzeschmelz.lu lancéiert. Ënnert anerem iwwer dee kënnen d’Bierger sech bedeelegen. 2 mol d’Joer ginn och grouss ëffentlech Eventer organiséiert, wou d’Leit sech kënnen informéieren an austauschen, erkläert d’Presidentin vun der Agora Marie-Josée Vidal. Da kéinten d’Leit sech elo och mellen, fir dem Zukunftsrot bäizetrieden, e Comité vu Bierger, déi sech mam Projet beschäftegen a mat Froen zur Entwécklung vum Wunnraum auserneesetzen.National an international Experte kommen an den nächste Méint zesummen, fir konkret Léisungen a Saache Mobilitéit an nohalteg Entwécklung auszeschaffen. D’Pläng an d’Maquette kann een da méi spéit zu all Moment op de Site kucke goen.

Back to Top
CIM LOGO