
E Samschdeg am Nomëtteg sinn onbekannt Täter an eng Wunneng an der Rue Guillaume de Machault zu Märel agebrach an hu sech mat de Bijouen aus dem Stëbs gemaach.
E weidere Virfall gouf et zu Ettelbréck, wou op dem Boulevard Grande-Duchesse Charlotte an een Auto agebrach gouf an eng Posch geklaut gouf. Bei engem zweeten Auto gouf et och probéiert, mat et blouf beim Versuch.
An der Nuecht op e Samschdeg haten ausserdeem eng Rei Autosdéif zu Viichten Autoen opgebrach an duerchsicht. Dobäi goufen ënnert anerem ee Sonnebrëll a Boergeld geklaut.
D’Police konnt e Sonndeg de Moien zu Nidderkäerjeng dann awer och zwee Abriecher op frëscher Dot ertappen. An der Rue Emile Bofferding goufen de Beamte verdächteg Leit gemellt, déi hannert een Haus gaange wieren. Op der Plaz konnt d’Police fir d’éischt awer emol kee méi untreffen.
Kuerz Zäit drop konnten d’Beamten awer zwou Persounen dobäi nokucken, wéi si sech mat Täscheluuchten iwwert ee Chantier geschlach sinn, ier si ronderëm een Haus gaangen a probéiert hunn, eng Dier opzebriechen. Kuerz drop hu si och nach emol bei engem Hotel probéiert, eng Rei Dieren opzekréien.
Déi zwee Verdächteger goufe vun der Police gestoppt an duerchsicht, woubäi d’Beamten eng geklauten Auer fonnt hunn. Op Uerder vum Parquet goufe si festgeholl an dem Untersuchungsriichter virgefouert.