
Wat d’privat Leit betrëfft, wiere bis de Juni dëst Joer 664 Demanden eragereecht ginn. De Familljeministère hätt 598 Dossieren ofgeschloss an et goufen Hëllefen an Héicht vu ronn 7,1 Millioun Euro.
Um Niveau vun de Gemenge wiere Schied an Héicht vu ronn 21 Milliounen Euro gemellt ginn. Hei wieren déi allermeescht Dossieren awer nach net komplett, sou datt réischt 1,3 Milliounen Euro ausbezuelt goufen.
Bei de Betriber wieren nach d’Berechnungen am Gaang an Dossieren deemno net integral ausbezuelt ginn, sou datt hei nach keng Zuele genannt ginn.