An der Belsch gekidnapped, zu Lëtzebuerg fonntLëtzebuerger Police konnt véier Verdächteger op der Aire de Capellen festhuelen

RTL Lëtzebuerg
Vun de belsche Kolleege gouf d'Lëtzebuerger Police iwwer e Kidnapping informéiert.
© Laurent Weber

Um fréie Méindeg de Moie krut déi Lëtzebuerger Police vun de belsche Kolleegen d’Informatioun, datt an der Géigend vun Antwerpen eng Persoun gekidnappt gouf an datt den Auto vun de Verdächtegen elo an der Grenzregioun ënnerwee wier. Kuerz drop konnt déi Lëtzebuerger Police den Auto esou wéi d’Affer an déi véier Verdächteg op der Aire de Capellen untreffen. Éischten Informatiounen no hu sech d’Affer an déi Verdächteg kannt. Op Uerder vum Parquet goufen déi véier Persoune festgeholl an hate schonn am Laf vum Méindeg Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO