Sozialplang bei UBS/Credit SuisseBis zu 155 Leit verléieren hir Aarbecht

RTL Lëtzebuerg
D'Licenciementer bei UBS a Credit Suisse zu Lëtzebuerg si confirméiert. De Sozialplang bei de Schwäizer Banken ass ënnerschriwwen.
© Domingos Oliveira / RTL

Eng éischt Well vun Entloossunge ass lo fir Juli virgesinn a betrëfft 70 bis 80 Salariéen. Ufank 25 sollen dann an enger zweeter Phas nach emol 65 bis 75 Employéen hir Aarbecht verléieren.

D’Gewerkschaften Aleba, OGBL an LCGB schreiwen an engem gemeinsame Communiqué, datt ee Garantien, Indemnitéiten a Primmen ausgehandelt kritt hätt.

Derbäi komme sozial Begleet-Moossnamen a speziell Konditioune fir Salariéen iwwer 50 Joer.

Obwuel een d’Depart-Modalitéiten hätt kënne verbesseren, bedaueren d’Gewerkschaften, datt et am Kader vun der Fusioun vun den zwou Banken zu dëser Situatioun koum.

900 Leit schaffe bei béide Banken zu Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO