Am Hierschtmount ass et, wann d’Drauwelies ufänkt. Dat ass dëser Deeg laanscht d’Musel de Fall. Wéini et genee mat der Lies lass geet, decidéiert all Betrib selwer op Basis vun der Qualitéit vun den Drauwen an de Wiederkonditiounen. De Chris Meisch war an de Réimecher Wéngerten beim Optakt vun der Lies dobäi.
Ugefaange mat de Wéngerten, wou 25 Saisonsaarbechter sech duerch d‘Riefstäck plécken. Si hunn net laang missen ugeléiert ginn a konnten direkt mat der Lies ufänken. Fir d‘Isabelle Gales vum Familljebetrib Gales ass den éischten Dag vun der Lies ëmmer nees eppes Besonnesches. An hire Wéngerte gëtt nach komplett manuell geschafft.
“Mir maachen dat, well eis dat natierlech d‘Méiglechkeet gëtt, fir schonn am Wéngert de richtegen Tri ze maachen. Dat heescht, déi Leit, déi elo hei am gaange sinn, déi wësse genau, wat se solle schneiden, wann eppes drënner ass, wat net esou schéin ass, gëtt dat si gelooss. Dat heescht dee Moment, wou d’Drauwen dann an d‘Kellerei kommen, fir gepresst ze ginn, verléiert een am Fong keng Zäit méi an et kann eeben direkt gepresst ginn.”
Fir d‘Isabelle Gales war um 16. September de richtegen Dag, fir mat der Lies unzefänken. Fir d’éischt ass fir den Auxerrois Cremant geschnidde ginn. Mat engem Trakter kommen d’Drauwen erof bei d’Kelteren an de Wäikeller. Éier d’Drauwe gepresst ginn, muss de Kellermeeschter Arno Bauer fir d’éischt den Zocker-Taux kontrolléieren.
“An herno kommen d’Drauwe ganz an d‘Press eran. Fir de Cremant musse mir ganz Drauwepressung maachen, dohier gi si ganz an d‘Press era gekippt a wann d‘Press komplett ass - eng 5.000 Kilo sinn an esou enger Press dran - duerno fänke mir mam Pressvirgang un, deen ongeféier 2 an eng hallef Stonn dauert.”
De Frascht Enn Abrëll hätt Repercussiounen op d‘Quantitéit vun den Drauwen, d’Qualitéit géing awer net doru leiden, sou den Arno Bauer.
“Et war ëmmer naass, also fir d‘Planze war et dat ideaalt Joer. Et war zwar ganz vill Aarbecht. Mir hu misse mat der Schädlingsbekämpfung ëmmer dohannert sinn, mir dierften net iergendwou 1-2 Deeg ze spéit sinn, dann hätte mir d‘Krankheet dran. A soss gesinn d’Drauwe ganz schéin aus, se gesi gesond aus a mir si voller Erwaardung op ee ganz gudde Wäin.”
Knapp 4 Wochen ass een am Wënzerbetrib Gales mat der Lies beschäftegt. Bis de Wäin a Cremant vun dësem Joer dann awer kann am Glas degustéiert ginn, dauert et awer nach ronn 3 Joer. Sou laang brauch een awer net op de Fiederwäissen ze waarden, deen ewell d’nächst Woch wäert kënne probéiert ginn.