
D’DP-Deputéiert a Stater Schäffin Simone Beissel an déi fréier CSV-Politikerin Astrid Lulling hunn am Januar an hirer Emissioun Riicht Eraus op Apart TV zum Haass opgeruff an Net-Lëtzebuergesch Heescherte mat “inacceptabele” Wierder “stigmatiséiert”. Zu där Conclusioun ass d’Lëtzebuerger Opsiicht fir Audio-visuell Medie komm.
D’Simone Beissel an d’Astrid Lulling hunn an der Emissioun e kloren Ënnerscheed gemaach tëscht Lëtzebuergeschen an auslänneschen Heescherten – méi spezifesch Roma a Sinti, déi eng méi däischter Hautfaarf hätten. Ausserdeem hu Beissel a Lulling behaapt, déi géinge sech aggressiv verhalen an et misst een eng Léisung fannen, fir dass se net méi kéinten an der Stad heeschen. Fir d’Alia wier dat en Opruff zum Haass a Stigmatiséierung vun enger bestëmmter Populatioun. D’Meenungsfräiheet kéint een an dësem Fall net invoquéieren.
D’Alia huet deemno e Blâme géint Apart TV ausgeschwat, well de Sender d’Emissioun net hätt dierfen diffuséieren. Déi ganz Decisioun vun der Alia fannt Dir hei.