
Wou genee dat geschitt ass, geet aus dem Bulletin vum CGDIS net ervir. Eng Persoun gouf verwonnt. D’Ambulanz Nordstad war am Asaz, grad ewéi d’Pompjeeë vun Angelduerf.
Géint 20.40 Auer dann ass op der A7 Richtung Fridhaff en Auto an d’Leitplank gerannt. Och hei gouf et ee Blesséierten. Op der Plaz waren eng Ambulanz aus der Stad, grad ewéi d’Pompjeeë vun Nidderaanwen a Sandweiler.