
Geschitt ass de Virfall géint 7.30 Auer e Mëttwoch de Moien. Dräi Persoune goufen heibäi blesséiert. D’Rettungsekkipe vu Péiteng a Stengefort waren op der Plaz.
Um CR162 tëscht Fëlschdref an Elleng koum et kuerz drop, géint 8.20 Auer zu engem Accident an deem een Auto dra verwéckelt war. Eng Persoun gouf hei blesséiert. Hei waren d’Ekippe vu Réimech a Munneref op der Plaz.