
Géint 11.35 Auer goufen d’Ambulanz vu Wolz an d’Pompjeeë vu Géisdref op Dol an d’Weltzer Strooss geruff. Hei gouf den Auto-Noutruff “eCall” declenchéiert.
Op der A13 a Richtung Metz waren eng Rei Autoen aneneegerannt, wouduerch eng Persoun blesséiert gouf. D’Secouriste vu Beetebuerg an dem Réiserbann waren op der Plaz.
Um 16.28 Auer sinn d’Ekippe vu Mamer an der Stad dann nach an d’Rue Michel Theato um Stater Belair geruff ginn. Dat wéinst enger Chute vun engem Motocyclist, deen dobäi och blesséiert gouf.