
Als Konsequenz däerf een do elo do net méi an d‘Waasser. Verschidden Zorte Bloalge sinn nämlech gëfteg a kënnen negativ Auswierkungen op Mënsch an Déier hunn. Zu den heefegste Symptomer gehéiere Kappwéi, Plazen op der Haut an Iwwelzegkeet.
D‘Waasserwirtschaftsamt mécht dann och en Appell, keng Hausdéieren d‘Waasser aus dem Wemper Séi drénken ze loossen, selwer de Kontakt mam Waasser z‘evitéieren an och net an deene concernéierte Beräicher ze fëschen.
Wie Bloalgen entdeckt, kann dat iwwer d‘App Bloomin‘Algae (Google Play, Apple) mellen. Bis op Weideres ass d‘Schwammen am ënneschte Séi erlaabt.