RommwissBloalgen am Stauséi entdeckt - Schwamme verbueden

RTL Lëtzebuerg
Op der Héicht vun der Rommwiss sinn am Stauséi Bloalgen entdeckt ginn. Am Stauséi ze schwammen ass dowéinst bis op Weideres verbueden.
© Administration de la gestion d’eau

D’Administration de la gestion d’eau recommandéiert an deem Kontext, datt een all Kontakt mam Waasser soll evitéieren. Dat gëllt och beispillsweis fir Hënn oder aner Hausdéieren. Blo-Algen, also sougenannt Cyano-Bakterien, kënnen nämlech gesondheetlech Problemer ausléisen. Fir den Ament bleift schwamme goen nach op den anere Plagen um Stau erlaabt, genee wéi och um Wämper-Séi, zu Iechternach an op de Baggerweieren zu Rëmerschen.

Liest hei de Communiqué vun der AGE

Back to Top
CIM LOGO