
D’Administration de la gestion d’eau recommandéiert an deem Kontext, datt een all Kontakt mam Waasser soll evitéieren. Dat gëllt och beispillsweis fir Hënn oder aner Hausdéieren. Blo-Algen, also sougenannt Cyano-Bakterien, kënnen nämlech gesondheetlech Problemer ausléisen.
Fir den Ament bleift schwamme goen nach op den anere Plagen um Stau erlaabt, genee wéi och um Wämper-Séi, zu Iechternach an op de Baggerweieren zu Rëmerschen.