Expert erkläertBloalgen u sech net geféierlech, mee d'Gëftstoffer

RTL Lëtzebuerg
Wann et zu Lëtzebuerg mol waarm gëtt an ee sech um Séi ofkille wëll, da kënne si engem de Spaass verdierwen - d'Bloalgen.
© LIST

D’Waasser gëtt zu Lëtzebuerg reegelméisseg kontrolléiert, wat fir d’Leit eng Sécherheet ass. Net frou si muncher dann awer iwwert d’Noriicht, dass e Séi vu Bloalge befall ass. Da soll een nämlech net dra schwamme goen.
Bloalgen si Bakterien, déi op natierlech Aart a Weis a Flëss oder Séien optriede kënnen. Si dauchen op, wann d’Waasser méi waarm gëtt.

Reegelméisseg Kontrollen

Iwwert d’Joer gëtt d’Waasser vun de Séien all zwee Méint op Cyanobakterien, wéi d’Bloalgen och heeschen, getest. Iwwert d’Summerméint, méi genee August bis Enn September, gëtt d’Waasser dann all Woch analyséiert. Dëst ass nämlech d’Haaptsaison vun de Bloalgen. Ma och am Oktober bis Uganks November ginn nach reegelméisseg Tester gemaach. Dat maachen déi wëssenschaftlech Mataarbechter vum Lëtzebuerger Institut fir Wëssenschaft an Technologie (LIST) fir de Phänomen besser verstoen ze kennen.

D’Mataarbechter vum LIST kucke sech fir hir Tester d’Waasser op der Plaz un, identifizéiere potenziell gëfteg Cyanobakterien a kategoriséieren d’"Bloom”, also d’Bléien. Duerno ginn d’Gëftstoffer bestëmmt, erkläert de Jean-Baptiste Burnet, wëssenschaftleche Mataarbechter beim LIST.

A wéini gëtt de Séi fir de Public gespaart?

Heivir muss d’Quantitéit an d’Kategorie 3 falen. E Beispill fir dës Astufung gesäit een op der Foto ënnendrënner. En zweete Grond ass wann de Grenzwäert vum Mikrocystin iwwerschratt ass. Mikrocystin ass e Gëftstoff vu bestëmmte Bloalgen.

© LIST

Net Bloalgen u sech sinn d’Gefor

Et sinn net Cyanobakterien u sech, déi de Mënsch kënne krank maachen, mee d’Gëftstoffer, déi vun de Bloalge produzéiert ginn. Ee vun dëse Gëftstoffer ass, wéi schonn uewe genannt Mikrocystin. “Zwar sinn an der Literatur nëmme wéineg akut Vergëftungen dokumentéiert, mee déi laangfristeg Auswierkunge vun enger Expositioun sinn net bekannt, sou dass hei d’Preventioun gëllt”, sou de Jean-Baptiste Burnet. Besonnesch oppasse solle vulnerabel Persoune wéi Kanner a schwanger Fraen.

Wann ee “kontaminéiert” Waasser verschléckt oder ze vill a Kontakt domat ass, kann ee Kappwéi, Krämp, Liewerschied, Hautirritatiounen a Problemer mam Mo an Daarm kréien.

Och fir Déiere kënnen d’Gëftstoffer vun de Bloalge geféierlech sinn. Ëmmer rëm kënnt et vir, dass ënnert anerem Hënn stierwen, well si verseuchte Waasser gedronk hunn.

D’Situatioun aktuell

Den Ament ass d’Qualitéit vum Waasser an de Séien zu Lëtzebuerg ganz gutt bis immens gutt. Hei gëtt op d’Verschmotzung duerch Fäkalen opgepasst, mee och d’Presenz vun de Bloalge gëtt kontrolléiert.

Mee opgepasst: D’Waasser kann eng gutt Qualitéit hunn an awer kann eng Recommandatioun erausgoen, dass een net schwamme soll goen, wéinst engem Ausbroch vu Bloalgebléien. “Mir haten esou een Ausbroch Mëtt Juli bei der Rommwiss a Burfelt, wat zënter Joren net méi virkomm ass”, sou de Jean-Baptiste Burnet vum LIST. Elo kéint een do awer rëm schwamme goen, well sech d’Bloom opgeléist huet.

Mat der Aféierung vun technologeschen Hëllefsmëttel um Stauséi kënne méi Donnéeën erfaasst an automatiséiert ginn. Donieft kënne permanent aktuell Donnéeën ofgelies ginn. Esou kann d’Bevëlkerung bei Gefor schnellstméiglech gewarnt ginn.

Wie gäre beim Waasser ënnerwee ass, kann dem LIST och iwwert d’App Bloomin’Algae hëllefen. Hei ka jiddereen méiglech Blooms mellen. Weider Informatiounen an aktuell Wäerter kann een awer och op cyanowatch.lu fannen.

© LIST

Bloomin’ Algae - App am Play Store
Bloomin’ Algae - App am Apple Store

Back to Top
CIM LOGO