FinanzweltBob Kieffer gëtt neie President vun der BGL

RTL Lëtzebuerg
Den héije Fonctionnaire aus dem Finanzministère an Direkter vum Tresor iwwerhëlt d’Presidence vun där Bank, vun där e komm ass.
© Laurent Antonelli

De Bob Kieffer ass en Donneschdeg vum Conseil vun der BGL zum neie President vun där Bank genannt ginn.
D’Regierung hat dat de 24. Oktober esou zréckbehalen, dat op Propos vum Finanzminister, nodeems d’EZB hiren Agrement ginn hat.

Dee Changement geet zréck op eng Demande vum Etienne Reuter, dee schonn Ufank vum Joer signaléiert hat, datt en déi Charge wéilt am Laf vum Joer ofginn. Den Etienne Reuter war jo Direkter vun der IGF (Inspection générale des finances) an ass elo pensionéiert. Dem Bob Kieffer seng Funktioun als Commissaire de Surveillance vun der Spuerkeess huet den 1. November de Luc Feller iwwerholl.

Viru sengem Wiessel an de Finanzministère ënnert dem DP-Minister Gramegna huet de Bob Kieffer als Jurist fir d’BGL BNP Paribas geschafft. Nieft senger neier Tâche bleift e Generalsekretär vum Finanzministère an och Direkter vum Tresor.

© Laurent Antonelli

Back to Top
CIM LOGO