Historesche RekordBock-Kasematte registréieren 200.000. Visiteur

RTL Lëtzebuerg
D'Bock-Kasematte feiere mat hirem 200.000. Visiteur en historesche Rekord. D'Zuel géing de kulturellen, historeschen an touristesche Wäert weisen.
Den 200.000. Visiteur vun de Bock Kasematte war e Member vun der Famill Albee.
Den 200.000. Visiteur vun de Bock Kasematte war e Member vun der Famill Albee.
© Luxembourg City Tourist Office

Op Silvester gouf an de Bock-Kasematten mat der Famill Albee den 200.000. Visiteur fir d’Joer 2024 registréiert. En historesche Rekord, wéi de Luxembourg City Tourist Office e Mëttwoch matdeelt, deen de kulturellen, historeschen an touristesche Wäert vun de Kasematte géing weisen.

De spezielle Visiteur gouf dann och vun der LCTO-Direktesch Antje Voss, dem Vizepresident vum LCTO, dem Nico Margue an dem Stater Schäffe Patrick Goldschmidt empfaangen a krut e Kaddo, fir dëse Moment z’éieren.

© Luxembourg City Tourist Office

Sponsored Content: D’Bock-Kasematten: Eng Rees duerch d’Zäit an de Steen!

PDF: D'Schreiwes vum LCTO fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO