En ëmmer méi grousse Probleem zu LëtzebuergBongerte-Stierwen: E Verloscht fir Mënsch an Déier

Tim Morizet
Mir riskéieren, eis Bongerten, déi eis Landschaft esou staark prägen, no an no ze verléieren.

Eleng am Oste vum Land, dee jo fir seng Uebstbeem bekannt ass, stierwen all Joers 1.500 Beem wéinst héijem Alter respektiv de Konsequenze vum Klimawandel.

Dobäi ass de Bongert e wichtege Facteur fir d’Biodiversitéit. A gläichzäiteg ass en net aus dem Landschaftsbild vu Lëtzebuerg ewechzedenken.

Bongerte-Stierwen: E Verloscht fir Mënsch an Déier zu Lëtzebuerg
Eleng am Oste vu Lëtzebuerg, dee jo fir seng Uebstbeem bekannt ass, stierwen all Joers 1.500 Beem wéinst héijem Alter respektiv de Konsequenze vum Klimawandel.

An der Groussregioun ziele mer eng 520 verschidden Zorten Uebstbeem. Ma e Groussdeel dovun ass – lues awer sécher - amgaangen ze verschwannen, erkläert de Marc Thiel, Bongerten-Expert: “An deene leschten 100 Joer ass de Baambestand an de Bongerten ëm Ronn 90 % erofgaangen. Dat heescht, wat mer haut nach hunn sinn déi restlech 10 Prozent.”

D’Hëtzt an Dréchent vun de lëechte 5 Joer mécht de Beem ze schafen. Dofir gëtt et, esou den Expert, ëmmer méi elementar Beem nozeplanzen, och fir déi lokal Biodiversitéit ze schützen: “A sou engem Bongert kënne bis zu 5.000 verschidden Aarte virkommen, wat der immens vill sinn. Do mierke mer einfach, datt Bongerten en Hotspot vun der Biodiversitéit sinn. Dofir setze mer eis och esou staark dofir an, datt se net verschwannen, mee nei opgebaut ginn.”

Am Kader vum 50. Anniversaire vum SIAS, dem Ëmwelt- am Naturschutzsyndikat, hu sech e Samschden eng 30 Volontairen aus 21 Gemenge zu Duelem versammelt, fir en Zeechen ze setzen an nei Uebstbeem unzeplanzen. De President vum SIAS Claude Marson erkläert:

“Mir kucken, nees déi méi klassesch Uebstzorten ze planzen, well dat méi robust Beem waren. Déi sinn net esou iwwerziicht ewéi dat, wat een haut vläicht keeft. Haut planze mer 12 Uebstbeem. Dat sinn an dësem Fall Kiischtebeem, well Duelem eebe bekannt ass fir seng Kiischtebeem. Där stinn der ganz vill hei. Et geet och drëm, d’Kultur vun den Uebstbeem an dëser Regioun och oprecht ze erhalen.”

All Joers gi knapp 2.000 Beem noplanzt – nach ëmmer net genuch, fir den néidege Bestand ze garantéieren. D’Beem brauchen e puer Joerzéngten ,bis datt se zu engem richtegen Habitat fir d’Déierewelt eruwuessen. Hei kënne Privatpersounen, déi e Stéck Terrain hunn, sech awer mellen, fir gratis en eegene Bongert geplanzt ze kréien.

Zu Duelem ginn nei Beem geplanzt
Zu Duelem ass en neie Bongert mat Kiichtebeem entstaanen.

Back to Top
CIM LOGO