Éischt Etapp eriwwerBréck iwwert de Rond-point Maarnech hëlt Form un

Marc Hoscheid
E Freideg am Nomëtteg geet deen Deel vun der Clierfer Transversale, déi d'Rond-pointe Maarnech a Reiler matenee verbënnt, nees op.
© Marc Hoscheid

Dat bedeit awer net, datt och d’Bréck opgeet. Vu Ponts et chaussées heescht et op Nofro hin, datt et réischt Enn des Joers sou wäit wäert sinn. An enger éischter Etapp wieren tëscht dem 20. August an dem 6. September stolen Träger en place gesat an eng Aarbechtsplattform preparéiert ginn. D’Strooss wier wärend deenen Aarbechte gespaart ginn, fir sécherzestellen, datt näischt op ee Gefier kéint falen an de Montage méi séier gemaach konnt ginn.

D’Plattform géing et erlaben, och un der Bréck ze schaffen, wann den Traffic ënnendrënner erduerch fiert. Enn des Mounts géing dann d’Plaque vun der Bréck betonéiert. Dës ass souwuel fir Cyclisten, wéi och fir landwirtschaftlech Maschinne geduecht. De Käschtepunkt vum Projet läit bei am Ganzen 3,3 Milliounen Euro.

Back to Top
CIM LOGO