Vereenzelt Fäll confirméiertBréifwal ugefrot, mä d'Waldokumenter koumen ni

Pierre Jans
D‘Gemeng Keel hätt néng der Fäll detektéiert. Esch an Diddeleng schwätze vu ganz wéinegen Eenzelfäll.
© AFP

RTL-Informatiounen no ginn et an diverse Gemenge vereenzelt Fäll, wou Biergerinnen a Bierger d’Bréifwal iwwer myguichet.lu ugefrot haten, awer keng Waldokumenter geschéckt kruten.

Schold doru soll ënnert anerem en informatesche Problem beim Sigi ëm de 4. Abrëll gewiescht sinn. De Sigi huet déi fäerdeg Demanden iwwer myguichet.lu un d’Gemenge weidergeleet.

Op Nofro hi confirméiert de Gemengesyndikat esou eng temporär Pann. Déi wär awer séier behuewe ginn. D’Donnéeë wären och recuperéiert ginn.

Villméi hätt ee beim Sigi constatéiert, dass Persounen, déi d’Demarche fir d’Bréifwal iwwer myguichet unzefroen, ofgeschloss haten, duerno vergiess hunn, de fäerdegen Dossier mat Zäiten ofzeschécken. Dofir huet ee jo nach eng Kéier aktiv op den “Transmettre"-Knäppche missen drécken.

Wie keng Waldokumenter fir de “vote par correspondance” krut, kann effektiv net per Bréif wielen a soll sech, wann en awer well wiele mat senger Gemeng a Verbindung setzen.

Back to Top
CIM LOGO