
Eng Patrull ass direkt op d’Plaz gefuer an huet béid Männer effektiv op der beschriwwener Plaz virfonnt, d’Ëmstänn waren allerdéngs ganz anerer.
Ee vun de Männer hat eng Staang an der Hand. Dës huet hie beim Ubléck vun de Polizisten an eng Heck gehäit an ass geflücht. D’Beamte sinn him nogelaf a konnten hien och kuerz drop stellen. Et huet sech erausgestallt, dass et sech ëm en Iwwerfall gehandelt huet, bei deem d’Affer menacéiert gouf. Laanscht de Fluchtwee huet d’Police dunn och nach eng Titchen Haschisch entdeckt, woubäi de Verdacht och no louch, dass et dem Verdächtege seng wier.
Op Uerder vum Parquet gouf dem Mann festgeholl a koum e Freideg de Moie virun den Untersuchungsriichter,