Police am AsazBrigang op frëscher Dot gepëtzt, Zuchpassagéier wéinst Drogebesëtz festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matdeelt, hu si e Méindeg 2 Männer festgeholl, wéinst ënnerschiddleche Strofdoten.
© Police Archivbild

An der Nuecht op e Méindeg huet eng Policepatrull e Mann dobäi erwëscht, wéi en zu Beetebuerg an e puer Camionnetten agebrach war.

Aus den 3 Camionnetten, an déi den Onbekannten agebrach war, hat hien ënner anerem en Industriestëbssuckler matgoe gelooss. Hie war mat sengem eegene Won op de Parking gefuer, fir déi geklaute Saachen anzelueden. Wéi hie vum Terrain wollt fueren, huet d'Police zougegraff.

De Verdächtege gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter. Säi Geschier fir anzebrieche gouf sécher gestallt an déi geklaute Wuer koum zeréck un hir Besëtzer.

Drogekontroll am verëffentlechen Transport am Süden

D'Police war e Méindeg de Moie mat enger Dose Beamten an engem Drogenhond op der Gare zu Beetebuerg ënnerwee.

Am Zuch Metz-Lëtzebuerg huet den Hond beim Gepäck vun engem  Passagéier ugeschloen. De Mann hat am Ganzen ee Kilo Marihuana an eng kleng Quantitéit Haschisch bei sech. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO