
Erausgegraff huet de Presseservice vun der Police zum Beispill en Abroch e Méindeg am Nomëtteg an engem Appartementshaus op der Lonkecher Strooss zu Märel. Ob eppes geklaut gouf, geet aus dem Schreiwes vun der Police net ervir.
En aneren Abroch gouf et dann och um Méindeg, an en Eefamilljenhaus an der Rue de la Chapelle zu Sprénkeng. Hei schreift d’Police, dass d’Täter sech mat der geklauter Wuer konnten duerch d’Bascht maachen.
A béide Fäll gouf d’Spueresécherung op d’Plaz geschéckt.
Méi Erfolleg hat d’Police zu Näerzeng. Hei krut si e Méindeg den Owend zwou Persoune gemellt, déi probéiert hätten an en Haus anzebriechen. Duerno wiere se Richtung Gare gaangen. Do goufe se vun Zeien ugeschwat, wouropshin et zu Handgräiflechkeete koum. Eng Policepatrull konnt all d’concernéiert Persounen op der Plaz untreffen. Op Uerder vum Parquet goufen déi presuméiert Abriecher festgeholl an en Dënschdeg de Moien ass hire Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.
Wéi ee sech virun Abréch schütze kann, erkläert d’Police op hirem Internetsite.