
Eng ongewéinlech Plaz, fir sech ze verstoppen, hate sech Brigangen zu Fréiseng afale gelooss. Si waren an eng Garage agebrach an do an ee Gefier. D’Police krut dat gemellt an ass kucke gefuer.
Beim Kontroll vun der Garage hunn d’Beamen zwee Männer entdeckt, déi sech do verstoppt hunn. Si goufen duerchsicht an d’Police konnt d’Géigestänn sécherstellen, déi aus dem Gefier an aus der Garage geklaut goufen, mä och nach eng kleng Quantitéit Drogen.
Wéi sech nach erausgestallt huet, war ee vun de Männer scho bei der Police bekannt. Hir Personalie goufe festgehalen
Zu engem weideren Abroch koum et dunn an de fréie Moiesstonnen an engem Lokal zu Esch op der Place des Sacrifiés 1940 – 1945. Éischten Informatiounen no hate sech d’presuméiert Täter en Zougang iwwer eng Schibedier verschaaft. D’Ermëttlunge lafen.
Da mellt d’Police nach een Abroch vun en Donneschdeg, bei deem direkt e puer Täter moies versicht hätten an en Eefamilljenhaus Um Knupp anzebriechen. Si goufen do awer vun der Awunnerin iwwerrascht a si geflücht.
D’Police huet eng Sichaktioun lancéiert, mat Succès. Si konnten dräi Verdächteger stellen. An hirem Gefier konnten d’Beamte verschidde Materialie sécherstellen, déi benotzt ginn, fit anzebriechen.
D’Brigange goufen op Uerder vum Parquet festgeholl a koumen e Freideg de Moien virun den Untersuchungsriichter.
Um Kierchbierg gouf e Freideg géint 14.45 Auer nach en Handy geklaut. En Onbekannten hat dem Affer den Apparat an der Avenue J.-F. Kennedy aus dem Grapp gerappt an ass fortgelaf. De Schëllege gouf net erëmfonnt, d’Ermëttlunge lafen.