Extreem GeschwësterléiftBrudder kënnt an Arrest, Schwëster stellt sech queesch

RTL Lëtzebuerg
E Freideg de Mëtteg géint 13 Auer gouf e Mann, de wuel ze vill gedronk hat, an engem Bus zu Esch, méi genee op der "Place Antoine Krier" gemellt.

Op der Plaz hunn d’Beamten de Mann, dee geschlof hat, ugeschwat. De Mann war sichtlech orientéierungslos, d’Police hat gréisser Méi, de Mann dozou ze kréien, aus dem Bus ze klammen.

Ma d’Stëmmung ass séier gekippt, an den alkoholiséierte Mann huet ugefaangen d’Beamten ze beleidegen. Schlussendlech ass de Mann awer widderwëlleg a Richtung Boulevard J. F. Kennedy gaangen an ass du bei engem Buttek fir Uebst a Geméis stoe bliwwen. Dëse konnt wéi et schéngt d’Fanger net dovunner loossen an huet sech zerwéiert, d’Friichte giess an ass fortgaangen, ouni ze bezuelen. Dëst krut d’Police vu Wäitem mat an huet dohier de Mann nees konfrontéiert an opgefuerdert, d’Uebst ze bezuelen. Wéi de Mann dat net wollt, gouf decidéiert, hien an Arrest ze bréngen.

Wärend der Kontroll am Spidol huet de Mann sech esou gewiert, dass hien huet missen immobiliséiert ginn. Dobäi gouf ee Beamte liicht blesséiert. Den Uebst-Déif gouf wéinst Rebellioun a Klauen protokolléiert.

Dobäi ass et awer net bliwwen, ma iergendwann ass d’Schwëster vum beschëllegte Mann um Policebüro opgedaucht. D’Fra huet d’Beamten hefteg beleidegt, provozéiert an huet drop bestanen, hire Brudder ze gesinn. Wéi dëst refuséiert gouf, koum et nees zu engem heftegen Hin-an-Hir an deels heftegen Ausernanersetzungen, dës Kéier da mat der Schwëster vum Mann. Och hei gouf e Beamte liicht blesséiert. D’Fra, déi extrem opgedréit war, huet no enger medezinescher Kontroll missen internéiert ginn. Och si gouf wéinst Rebellioun protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO