Lëtzebuerger VerdeedegungsministèreBudget vu 70 Milliounen € fir d'Ënnerstëtzung vun der Ukrain virgesinn

RTL Lëtzebuerg
Et wéilt een d'Lëtzebuerger Ënnerstëtzung fir d'Ukrain dat ganzt Joer iwwer op engem héijen Niveau halen.

Dofir wier e Budget vu 70 Milliounen € virgesinn, heescht et an engem Schreiwes aus dem Verdeedegungsministère.

D’Lëtzebuerger Verdeedegungsministesch Yuriko Backes war en Dënschdeg um Conseil vun den EU-Verdeedegungsministeren zu Bréissel.

Et hat een en informellen Austausch mam NATO-Generalsekretär Stoltenberg, an den ukrainesche Verdeedegungsminister Umerov huet de Point gemaach iwwert déi neisten Entwécklungen am Ukrainkrich.

Am Kader vun der sougenannter Europäescher Defense-Agence, war et d’Nouvelle, dass de Budget vum speziellen EU-Assistance-Fong fir d’Ukrain sech den Ament op 5 Milliarden € beleeft. Dat wier just e Brochdeel vun den initial geplangten 20 Milliarden, déi néideg wieren, fir d’Ukrain ebe laangfristeg ënnerstëtzen ze kënnen.

Back to Top
CIM LOGO