
“Ech gleewen dem Här Knaff zu 100 Prozent, dass dat doten e Feeler ass, deen a senger Etüd geschitt ass”, seet den DP-Parteipresident Lex Delles. Deemno géingen elo politesch gesi weider keng Fuerderungen un de Pim Knaff geriicht ginn. Hien hätt kee Feeler a sengem politeschen Amt als Schäffe gemaach, mee an der Kontabilitéit vu senger Etude. Déi ganz Saach wier bedauerlech, mee de Pim Knaff hätt, wou de Feeler opgefall ass, dëse redresséiert an och d’Konsequenze gedroen.
Um Freideg de Moie sinn zu Esch de Buergermeeschter an de Schäfferot zesummekomm. Dat wier scho méi laang esou geplangt gewiescht, sot den CSV-Buergermeeschter Christian Weis no der Reunioun. Ma kuerzfristeg op den Ordre du jour dobäi komm, ass wuel awer dee Punkt, bei deem sech den éischte Schäffe Pim Knaff (DP) sollt erklären.
Reporter.lu hat en Donneschdeg nämlech doriwwer bericht, dass de fréieren Deputéierte Pim Knaff am Abrëll wéinst Fraude fiscale aggravée zu enger Geldstrof vun 9.500 Euro verurteelt gi war. D’Ëffentlechkeet hat dovunner awer bis dato näischt matkritt, well e sougenannte Jugement sur accord * fonnt gi war. Deemno war et an der Sëtzung net zu enger Presentatioun vun de Faite komm.
No der Reunioun zu Esch goufen et awer keng weider Detailer fir d’Ëffentlechkeet. Eng Ufro fir eng Stellungnam un de Meris Sehovic vun Déi Gréng blouf onbeäntwert. De Pim Knaff huet am Nomëtte schrëftlech matgedeelt, dat him dat Ganzt géing leed doen. Him wier e Feeler 2019 a senger Compta als Affekot geschitt. “Ech sti fir dee Feeler riicht a bezuelen dofir”, schreift de Politiker. Bei der LSAP wollt een iwwerdeems nach keng Positioun bekannt ginn. De Steve Faltz (LSAP) huet erkläert, eréischt wëllen ze reagéieren, wann de Buergermeeschter an de Schäfferot sech geäussert hätten.
De Christian Weis huet awer iwwer Telefon gesot, dass een net wéilt à chaud reagéieren. Hien géing elo vum Pim Knaff erwaarden, dass dësen an den nächste Stonnen déi Gespréicher féiert, déi néideg wieren. Sou wéi och, dass dësen dann zäitno géing kommunizéieren. En Delai wier awer net festgeluecht ginn. Op d’Fro, ob hien als Buergermeeschter géing d’Demissioun fuerderen, ass de Christian Weis net agaangen.
Geäussert zu de Faiten hunn sech bis elo just déi Lénk Esch an d’ADR Esch, déi eng Verëffentlechung vum Urteel froen, sou dass d’Leit sech kéinten e Bild maachen. Fir de Marc Baum, Deputéierten a Conseiller vun déi Lénk am Escher Gemengerot, ass d’Affär kloer. Fir hie kënnt als Conclusioun just d’Demissioun vum Pim Knaff a Fro. Och wann et him géing leed doe fir de Pim Knaff, mat deem hie privat gutt géing fueren.
Et wier hei eng prinzipiell Fro. Eng Stad wéi Esch géing schliisslech Steiere vun de Bierger ophiewen. Wann dann anersäits een an der Exekutiv wéinst Steierhannerzéiung vun engem considerabele Montant ugeklot wier, géing dat net goen. Och géing zu Esch op Gemengenniveau op deene verschiddenste Weeër ëmmer méi eng staark Law and Order-Politik gefuer ginn, wou een zum Beispill mat Kamerae wéilt géint Klengkrimineller virgoen. Do géing et dann och net passen, dass een am Schäfferot géing sëtzen, dee wéinst engem schwéiere Vergoe verurteelt gouf.
Net just um politesche Plang bleift dem Pim Knaff seng Zukunft ongewëss. Als Affekot kéint d’Affär och weider Suitte fir hie kréien. Wann en Affekot um Penal condamnéiert gëtt, géing de Bâtonnier automatesch eng Disziplinarprozedur aleeden, fir de Virfall vum Point de Vue disciplinaire z’analyséieren, erkläert de Bâtonnier Pit Reckinger. D’Conclusioun vun dëser Analys wäert d’Ëffentlechkeet awer net gewuer ginn, well souwuel d’Prozedur, wéi och de Suivi confidentiel sinn.
* D’Prozedure vun engem Jugement sur accord besteet zanter 2015. Dëse gëtt tëscht dem Affekot vum Ugekloten an dem Procureur d’État ausgehandelt an ass méiglech, wa fir d’Strofdot net méi wéi 5 Joer Prisong virgesi sinn. De Parquet oder den Ugeklote kënnen d’Initiativ huelen, dëst unzefroen. Am Luxemburger Wort heescht et, dass vun den 1.273 Fäll déi Zejoert virun enger Chambre criminelle verhandelt goufen, 70 iwwer Jugement sur accord gewiescht wieren.