EttelbréckBusgare gëtt aus Sécherheetsgrënn zwee Joer méi spéit fäerdeg

RTL Lëtzebuerg
Virun allem misst d'Sécherheet vun de Clienten garantéiert ginn.
© RTL Archiv

Déi nei Busgare zu Ettelbréck kritt zwee Joer Retard, dat geet aus der Äntwert vun der Transportministesch Yuriko Backes op eng parlamentaresch Fro vun deene Gréngen ervir. An dat aus Sécherheetsgrënn.

U sech sollten d’Aarbechten fir déi definitiv Busgare Enn 2026 fäerdeg sinn. Antëscht sinn um Site vun der Gare, méi genee iwwert der Busgare, eng nei Jugendherberg an e Parkhaus geplangt an do géif et e gewëssene Risiko ginn, wann déi nei Gare scho wärend den Aarbechten a Betrib wier.

Et missten dann nämlech vill Sécherheetsmesure geholl ginn, fir d’Sécherheet vun de Clienten ze garantéieren. Dowéinst gouf vun de Responsabelen decidéiert, fir déi definitiv Busgare réischt dann a Betrib ze huelen, wann och d’Aarbechten un deenen zwee anere Gebaier ofgeschloss sinn.

Fir ze verhënneren, datt déi ënnerierdesch Verleeung vun der Strooss N7 net zousätzlech Verspéidung kritt, lafen den Ament Planungen, fir den zweete Quai vun der Ettelbrécker Gare als Busarrêt ëmzebauen. Esou, mengt d’Yuriko Backes, kéinten déi 3 Projeten am Delai fäerdeg gestallt ginn.

Back to Top
CIM LOGO