
D’Direktioun huet de 34 Mataarbechter an der Personaldelegatioun awer matgedeelt, datt kee vun hinne seng Aarbecht wäert verléieren, mä si wäerten op déi aner Geschäfter, déi zu Cactus gehéieren, verdeelt ginn, esou ass an engem Schreiwes matgedeelt ginn.
De “Fressnapf”, ee Buttek fir den Déierebedarf, wäert awer allerdéngs och no der Fermeture vum Cactus Hobbi bestoe bleiwen.
Weider gëtt erkläert, datt een dës Decisioun geholl huet, well de Contrat de Bail vum Geschäft, dat an der Industriezon läit, ausleeft. Zanter 1994 huet Cactus d’Gebai an der Zon, an där et aktuell grouss Laangzäitchantiere ginn, gelount. En Deel vum Sortiment, wat een am Hobbi ze kafe krut, wäerten d’Clienten an Zukunft am Supermarché um Houwald kréien.
Bei der Offer am net-alimentaire Beräich wëll ee sech op d’Sitte Bartreng, Käerjeng an Dikrech konzentréieren.