Littering ass strofbarCampagne "MERCI!" géint Zigarettestëmp

Philippe Dondelinger
Mat der Campagne wëll een d'Fëmmerte sensibiliséieren, fir hire Stomp net op de Buedem ze geheien.
Campagne "MERCI!" géint Zigarettestëmp
Mat der Campagne wëll een d’Leit dobaussen, virun allem d’Fëmmerte sensibiliséieren, fir hire Stomp net op de Buedem ze geheien.

Ongeféier 160.000 Persoune fëmmen zu Lëtzebuerg. D’Suite sinn 100 Millioune Stëmp, déi um Buedem leien, op eise Stroossen an och an der Natur. Extrem ongesond net nëmme fir d’Natur, mee och fir de Mënsch. Villen ass net bewosst, dass och Plastik am Stomp ass, an dee lant an eisem Ekosystem. D’Campagne wëll d’Fëmmerten op de Problem opmierksam maachen a se sensibiliséieren, fir vläicht eng kleng negativ Gewunnecht an hirem Liewen ze änneren.

Mir hunn den Test gemaach, a gekuckt, ob wierklech esou vill Zigaretten op de Stroosse leien. Mat engem klenge Geste, kann een esou Grousses bewierken.

Back to Top
CIM LOGO