
Campéieren a Grillen ass deemno am Fräie verbueden, besonnesch laanscht d’Stroossen. Jorelaang gouf z.B. vum Heischtergronn bis Wolz, respektiv an de Wise beim Stauséi campéiert, wat awer net méi erlaabt ass.
D’Scoute vu Wolz bidden dowéinst eng Alternativ un, nämlech am Scoutschalet op der Toutschemillen, wou ee fir 6,30€ pro Persoun iwwernuechte kann. Och am Verkéier ass mat enger Rei Aschränkungen ze rechnen, notamment vun 9 bis 20 Auer an der Ënnerstad, wou eng Rei Stroosse wäerte gespaart sinn.
Méi detailléiert Informatiounen heizou fannt Dir umSite vun der Gemeng Wolz.
D’Informatiounen opportugisescher Sprooch fannt Dir hei.
Och d’Police rappelléiert am Kontext vun der Pilgerfaart dorun, datt Grillen a Campéieren am Fräie verbueden ass, an dass Parkverbueter a Stroossespären ze respektéiere sinn. Och gëtt drun erënnert, d’Ëmweltschutzgesetzer ze respektéieren a keen Dreck an d’Natur ze geheien.Dës weidere recommandéiert d’Police, d’offiziell Campingen ze benotzen a vum ëffentlechen Transport, Park & Ride’n an Navetten ze profitéieren.
D’Police ass den 8. an 9. Mee dann och um Terrain present.