
Se sinn dee beschte Wee, fir sech an engem Beräich séier op den neiste Stand ze bréngen: D'News-Reportagen op Radio Lëtzebuerg informéieren Iech am Detail iwwer e bestëmmtent Theema. An dat schéi reegelméisseg!
Vum onerwaarten Out fir Däitschland an Holland op der WM iwwer en erwaarte Rekordsummer fir de Fluchhafe Findel bis bei d'Auswierkunge vun der Hëtztwell op d'Spideeler, d'Stroumversuergung oder d'Drauwen. Net ze vergiessen d'Fuerderunge vum Geschäftsmann Kindy Fritsch oder den Eechepressiounsraup, deen allen Ennen opdaucht.
Dat waren elo just e puer vun deenen Theemen, an déi mir eis déi lescht Deeg geknéit oder iwwer deene mer gebruckt hunn. Ëmmer an der Hoffnung, Iech relevant an interessant Informatiounen zoukommen ze loossen. All Dag derbäi de Resumé vum Invité vun der Redaktioun an ëmmer erëm och zousätzlech Interview-Partner a Live-Interventioune vum Terrain: aus enger Schoul, vun engem Bauerenhaff, engem EU-Sommet ...
Eis News-Reportagë lafe moies, mëttes an owes op Radio Lëtzebuerg: 7:15, 7:40, 12:15, 12:40 a 17:40 Auer, Dir kënnt bal de Wecker dono riichten. A wann Dir eppes sollt verpasst hunn oder eppes nach emol wëllt lauschteren, da kënnt Iech RTL PLAY zepaass. An der Rubrik NOGELAUSCHTERT kënnt Dir nämlech sämtlech Reportagen no hirer Diffusioun nolauschteren, wéi den Numm et scho seet.
Dir fannt se donieft och op alle gängege Podcast-Plattformen, well den NOGELAUSCHTERT gëtt et och als Podcast.
Bleift informéiert! Hei: RTL Play -Nogelauschtert
