Lonkecher StroossCar-Jacking e Sonndeg de Moien zu Dippech

RTL Lëtzebuerg
An der Lonkecher Strooss zu Dippech war e Sonndeg en Auto enger anerer Automobilistin hannendrop gerannt.

Wéi béid Chauffeuren op engem Bus-Arrêt stoe bloufen, fir e Constat auszefëllen, krut d’Fra vum schëllege Chauffeur an zwee weidere Passagéier d’Jackett geklaut, an där hir Autosschlëssele waren.

Déi dräi hu sech du mat hirem eegenen a mam Auto vun der Fra ewech gemaach. D’Affer gouf op der Plaz medizinnesch versuergt, an eng Enquête gouf lancéiert.

Back to Top
CIM LOGO