ASBL "Don en Confiance"Caritas-Affär huet Vertrauenskris bei den Donateuren ausgeléist

Jeannot Ries
Fondatioune mussen op Kontroll setzen, irreprochabel sinn. Dat seet de President vun "Don en Confiance", déi 30 grouss a mëttelgrouss ONGe regruppéiert.
Caritas-Affär huet Vertrauenskris bei den Donateuren ausgeléist
Fondatioune mussen op Kontroll setzen, irreprochabel sinn. Dat seet de President vun ''Don en Confiance’’, déi 30 grouss a mëttelgrouss ONGe regruppéiert.

“Am Summer krute mer 80 Prozent manner Donen, wéi soss”, esou d’Ausso vum Generaldirekter vum Roude-Kräiz, Michel Simonis, d’lescht Woch am RTL Interview.

D’Caritas-Affär huet eng Vertrauenskris bei den Donateuren ausgeléist. Dat bestätegt och de President vun der ASBL “Don en Confiance Lëtzebuerg.” Dem Luc Schumacher no ass et den Ament nach schwéier, dee Broch ze chiffréieren. Dat Vertraue kéint een awer relativ kuerzfristeg nees zréckgewannen. Ënner der Bedéngung, elo op Transparenz ze setzen, an och méi Mëttel fir Kontroll zur Verfügung ze stellen.

“D’Hand an d’Feier leeën, dat ass geféierlech. Ech géif awer mengen, mat där Onde de choc, déi awer déif sëtzt, dass do awer intensiv gepréift ginn ass. Also op alle Fall déi Informatiounen déi mir hunn, do wësse mer schonn, do sinn awer d’Prozedure genauestens analyséiert ginn.”

Et wier ee sech es bewosst am Secteur, eng zweet Affär Caritas ka Lëtzebuerg sech kéng leeschten.

De President vun der ASBL “Don en Confiance”, déi 30 grouss a mëttelgrouss ONGe regroupéiert, bedauert, datt et iwwerhaapt sou wäit koum. Et hätt ee kloer am Virfeld sensibiliséiert.

“De Worst-Case-Zenario, esou wéi en dann elo bei der Fondatioun Caritas agetrueden ass, ech menge mir schwätze schonn. An der Associatioun ware mer eis deem Risiko do bewosst. An ech hunn och schonn an den Assembléeën ëfters do dréiwer geschwat.”

Am Fall Caritas huet de Luc Schumacher vollt Vertrauen an d’Enquête vu Justiz, CSSF an Europäescher Zentralbank. Wichteg wier, och transparent ze kommunikéieren. Transparenz, e Wuert op dat d’Asbl “Don en Confance” baut. Grouss geschriwwe ginn am Code de bonne conduite och Rigueur, an Irreprochabel sinn. E wichtegt Element ass d’Kontroll, déi eleng schonn am neie Gesetz vun 2023, iwwer d’ASBL an d’Fondatioune, gestäerkt géif.

“Dat kënnt dem Donateur zegutt. Da kommen nach déi zousätzlech Mesuren, wou elo vun der Regierung annoncéiert gi sinn, déi ausgeschafft ginn am Ministère de la Justice an och zesumme mam Finanzministère. Do kënnt dann nach erëm eng Kéier eng Couch, do muss ee kucke wéi dat ausgesäit. Mir perséinlech mat eiser Associatioun, wäerten och probéieren do eise Bäitrag ze leeschten.”

De Luc Schumacher gëtt ze bedenken, dat d’Kontrolle virop op Basis vun de Réviseurs d’Entreprises gemaach ginn. Dann ass et, bei groussen Dysfonctionementer, meeschtens schonn ze spéit. Firwat net den Appell lancéieren, wann Intern opfält dat eppes schif leeft, et der ASBL am Vertrauen ze mellen?

“D’Iddi vun deem Whistleblower ass do e bëssen en germe. Dat ass nach net geschriwwe ginn. Mee et schéngt awer schonn evident ze sinn. Ech mengen et gëtt jo och zu Lëtzebuerg awer eng Gesetzgebung iwwert d’ Whistleblower, datt ee sech och wat eise Secteur, ech weess net ob ee soll vun engem Secteur schwätzen oder ob mer elo just vun eise Membere schwätzen, dat kann ee kucken, mee déi Iddi schéngt mir interessant.”

“Et steet vill um Spill.”

De Luc Schumacher wënscht sech, dat de Staat sech mam Label ''Don en Confiance’’ associéiert, fir en ze stäerken. De Secteur, an deem eng formidabel Aarbecht geleescht géif, wier definitiv op Doen ugewisen. En Don wier eng staark Contributioun, a jiddwer Donateur hätt och e Recht nozefroen, wat mat senge Sue geschitt.

Back to Top
CIM LOGO