Weider Echangë geplangtCaritas-Spezialkommissioun gëtt ëm ronn zwee Méint verlängert

RTL Lëtzebuerg
D'Verlängerung gouf e Mëttwoch an enger weiderer Reunioun vun der zoustänneger Kommissioun decidéiert.
© RTL Archiv

Eigentlech sollt déi Aarbecht bis Mëtt Abrëll ofgeschloss sinn, elo hunn déi zoustänneg Deputéiert awer decidéiert, sech bis Nationalfeierdag Zäit ze ginn. Et wéilt ee sech esou déi néideg Zäit ginn, fir nach weider Acteure ronderëm d’Verontreiung vun 61 Milliounen Euro bei der Hëllefsorganisatioun ze gesinn, erkläert den antëscht drëtte President vun der Caritas-Spezialkommissioun, Charles Weiler vun der CSV.

“Also, mir hunn d’nächst Woch jo d’FEDAS an de Bistum. An dann den Här Crochet, deen zougesot huet. D’Madamm Jacobs, wou ech elo nach keng Confirmatioun hunn.”

Och den Auditeur vun der Caritas, Grant Thornton, an d’BGL BNP Paribas an d’Spuerkeess sollen an der Kommissioun gehéiert ginn. Déi zwou Banken also, déi der Caritas Kreditlinne vun iwwer 30 Milliounen Euro accordéiert hunn. Den Deputéierte vun de Piraten, Sven Clement, widderhëlt awer, datt et net drëms geet, d’Fro vu Responsabilitéit ze klären.

“Mir si keng Enquêtëkommissioun. Mir sinn eng Kommissioun, déi politesch Aarbecht mécht, déi soll Recommandatioune fir d’Zukunft opschaffen. An ech ka mer scho virstellen, datt déi zwou betraffe Banken eng Hickecht u Recommandatioune kéinte maachen, wat besser hätt kéinte lafen.”

D’Rapportrice vun der zoustänneger Chamberkommissioun an LSAP-Fraktiounscheffin, Taina Bofferding, weist sech zefridden doriwwer datt weider Acteure geruff ginn. Hir Fraktioun hätt awer nach aner Acteure proposéiert.

“Wéi zum Beispill déi virdrun an der Direktioun vun der Caritas täteg waren, respektiv och Leit, déi virdrun am Verwaltungsrot täteg waren. Wou mer héieren hunn, datt déi, just éier de Skandal opgeflunn ass, demissionéiert hätten. Ech mengen, et ass schonn intressant mat deene Leit dann a Kontakt ze kommen.”

Déi Propos wier awer net an der Kommissioun zeréckbehale ginn. Et misst een elo déi nächst Echangen ofwaarden, fir ze kucken, ob een Äntwerten op all d’Froe kritt, esou d’Rapportrice. De Rapport vun der Caritas-Spezialkommissioun soll nach virun Nationalfeierdag an der Chamberplenière debattéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO