Lëscht vum Statec publizéiertCFL, Dussmann an d'Post sinn déi gréisst Employeuren zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
D'CFL sinn a bleiwen de gréissten Employeur am Land. 4.990 Leit schaffe fir d'Lëtzebuerger Eisebunn.
© RTL-Archiv

Dat geet aus enger Lëscht vum Statec mat den Haaptemployeuren zu Lëtzebuerg ervir, déi e Freideg publizéiert gouf.

Op der zweeter Plaz kënnt d’Botzfirma Dussmann, fir déi 4.710 Leit schaffen. D’Post (4.350), de Cactus (4.290) an Amazon (4.290) hunn alleguer och iwwer 4.000 Leit agestallt. De Statec präziséiert, datt d’Lëscht op enger net obligatorescher Ëmfro bei den Entreprisë baséiert. 407 Employeure mat op d’mannst 90 Salariéeën op den 1. Januar 2024 hunn drun deelgeholl.

Weider Detailer an déi komplett Lëscht fannt Dir hei um Site vun der Statec.

Back to Top
CIM LOGO