Falschen Alarm wéinst BrandCGDIS huet Akafszenter a Crèche zu Zolwer kuerz Zäit evakuéiert

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Moie waren d'Pompjeeë wéinst engem Brand bei den Akafszenter Zolwereck geruff ginn.
© Domingos Oliveira / RTL

Wéi sech op der Plaz erausgestallt huet, gouf et kee Feier, ma et gouf wuel en technesche Problem mat enger Chaudière, heescht et op Nofro beim Cédric Gantzer vum CGDIS.

Aus Sécherheetsgrënn goufen d’Leit aus der Géigend kuerz Zäit vun de Pompjeeën evakuéiert, dorënner och eng Crèche. De Cédric Gantzer preziséiert iwwerdeem, datt keng Persoune blesséiert goufen.

Back to Top
CIM LOGO