
Allgemeng wär déi Gestioun “satisfaisant”, also zefriddestellend. Eng besonnesch Bonne-Note kritt de CGDIS fir d’Gestioun vu senge Finanzen.
Zwou ëffentlech Ariichtunge géifen en neit Gesetz verdéngen: d’Aufgabe vum FOCUNA, dem Fonds Culturel National, hätte sech weider entwéckelt. D’selwecht fir de Fonds de Solidarité viticole. D’Wënzer hätten haut zum Beispill privat Assurancen an aner Aufgaben.
Beim Fonds du Kirchberg gouf d’Fro opgeworf, ob d’Kreatioun vun abordabelem Wunnraum zu sengen Aufgabe gehéiert - d’SNHBM iwwerhëlt dat - an ob net en zousätzlechen Acteur an deem Beräich méi sënnvoll wär.