
Am Lokale mellt de CGDIS ee Blesséierten. Dat kuerz viru 4 Auer an der Nuecht op e Samschdeg, wéi en Auto géint e Bam gerannt ass. D’Rettungsdéngschter vun Esch an d’Pompjeeë vu Péiteng waren op der Plaz.
E weideren Accident gouf et da géint 10 Auer um Samschdeg de Moien, dat op der A3 a Richtung Stad op der Bretelle mat der A6. Ee Blesséierte gouf vun de Rettungsekippen vum Réiserbann a vu Beetebuerg behandelt.