Op eise StroossenCGDIS mellt eng Rëtsch Accidenter, ënner anerem op der Areler A6

RTL Lëtzebuerg
Wéi aus dem 112-Bulletin ervirgeet, koum et e Freideg den Owend an e Samschdeg de Moien zu enger Rei Accidenter op eise Stroossen.
© RTL Archivbild

Zu Bech-Maacher ass op der Route du Vin géint 21 Auer en Auto an zwee Gefierer gerannt, déi laanscht d’Strooss geparkt waren. Et blouf beim Materialschued.

Géint 21.40 Auer dunn ass tëscht Suewelbuer a Miedernach een Auto a Flamen opgaangen. Dobäi goufen zwou Persounen blesséiert. Weider Detailer iwwer d’Ursaach vum Brand ginn et aktuell net.

E Samschdeg de Moie fréi, géint 5.20 Auer, sinn op der Areler A6 a Richtung Stad ee Camion an een Auto aneneegerannt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert.

Um 6.10 Auer sinn dann zu Heeschdref an der Lëtzebuerger Strooss zwee Gefierer net laanschtenee komm. Hei ass kengem eppes geschitt.

Back to Top
CIM LOGO