Am LokalenCGDIS mellt zwee Blesséierter bei zwee Accidenter
E Samschdeg den Owend um 20.50 Auer ass eng Persoun an engem Autosaccident zu Diddeleng an der Rue Karl Marx blesséiert ginn.
En Auto war do an e Potto gerannt. An tëscht Kéideng an Iernzen ass an der Nuecht op e Sonndeg um 3.50 Auer och en Auto an e Bam gerannt. Och hei gouf ee Mënsch verwonnt.