
Kuerz no 17 Auer war et en Accident mat engem Blesséierten zu Dikrech an der Montée vum Härebierg. Hei war och d’Air Rescue a Asaz. Eng Stonn méi spéit waren zwee Autoen op der A13 am Tunnel Markusbierg a Richtung Péiteng aneneegerannt, Blesséierter gouf et hei awer keng. D’Selwecht um 18.24 Auer zu Rolleng op der Route de Luxembourg.
Donieft mellt den 112 dann och zwee Gefierer, déi gebrannt hunn, allerdéngs allkéiers ouni datt ee blesséiert gouf. Eemol um 18.22 Auer um CR176 tëschent Rodange an dem Roudenhaff an eemol um 19.44 Auer zu Haler beim Basseng.