MëttwochmoienCGDIS mellt zwee Blesséierter op eise Stroossen

RTL Lëtzebuerg
Géint 6.40 Auer e Mëttwoch de Moie gouf et zu Iechternach an der Route de Luxembourg eng Kollisioun tëscht zwee Autoen. Eng Persoun gouf verwonnt.

Knapp zwou Stonne méi spéit ass op der RN12 tëscht Wolz a Bidscht eng weider Persoun bei enger Kollisioun vun zwee Autoe blesséiert ginn.

Um 8 Auer e Mëttwoch de Moie war zu Miersch nach e Motocyclist gefall. Hei mellt de CGDIS keng Blesséierter.

Back to Top
CIM LOGO