
Den CGDIS hat e Sonndeg a sengem Bulletin fir d’Press geschriwwen, dass den Accident am Pommerlach gewiescht wier. Den Dag drop huet d’Police an hirem Rapport geschriwwen, dass d’Fra un de Suitte vum Accident am Spidol gestuerwe wier a schreift vun engem Accident zu Huldang.
RTL-Informatiounen no ass déi éischt Asaz-Ekipp vum CGDIS op déi falsch Plaz geschéckt ginn. Dat krute mir um Dënschdegmoie vun engem Spriecher vum CGDIS confirméiert. Wéi et dozou konnt kommen, géif elo intern iwwerpréift ginn.
Den Appell beim CGDIS wier um 18h06 e Samschdeg eragaangen. Et wier ee bei e grousse Shopping-Zenter an d’Pommerlach gefuer. Op der Plaz ukomm, hätt ee gemierkt, dass do keen Accident geschitt wier. Eng weider Ekipp vum CGDIS wier dunn op déi richteg Plaz gefuer. Och do gëtt et e Shopping-Zenter Knauf. De Spriecher vum CGDIS confirméiert RTL, dass ee vum Appell bis een op der Plaz war 27 Minutte gebraucht hätt.

Wéi een Impakt dat op den Asaz hat, géif een elo iwwerpréiwen. Et géifen ënnert anerem d’Audio-Opnamen nach emol gelauschtert ginn, fir genee ze rekonstruéieren, wat geschitt ass. De Service Gestion et Qualité géif dat elo maachen. Bis een all d’Detailer gekläert hätt, géif elo e bëssen daueren.
D’Fro, déi den Ament am Raum steet: Hätt d’Fra eventuell iwwerlieft, wann d’Rettungsekippen éischter op der Plaz gewiescht wieren?
Aktuell huet de Parquet vun Dikrech nach keng Plainte kritt, mee wéinst dem Accident gouf awer eng Instruktioun opgemaach. An deem Kader gouf och eng Autopsie ordonéiert.